Videoconcours fir Jonker tëschent 12 an 30 Joer.
Méi Informatiounen →3 Kategorien
FAQ
-
Ab wéini kann ee säi Projet eraschécken?
Ab deem Moment wou d’Thema feststeet, kann een iwwer den Umeldeformulaire säi Projet eraschécken.
-
Kann ee beim Concours a méi wéi enger Kategorie matmaachen?
Jo, et kann ee soulaang een d'Krittären (z.B. Altersbegrenzung, Diplom am Filmberäich) erfëllt a méi Kategorië matmaachen.
-
Wat ass den Ënnerscheed tëschen der Kategorie “Karma ass een Dréibuch” an “Zenario+”?
D’Zilgruppen ënnerscheede sech bei deenen zwou Kategorien. Bei der Kategorie “Karma ass een Dréibuch” kënnen 12 bis 25 Järeger matmaachen, beim Zenario+ sinn et 16 bis 30 Järeger. Zousätzlech dierfe beim Zenario+ Jonker matmaachen, déi ee Filmdiplom hu respektiv am Filmsecteur schaffen. Kategorie “Karma ass een Dréibuch” huet méi einfach Krittären a riicht sech virun allem u Jonker, déi nach ni een Dréibuch geschriwwen hu respektiv nach ganz am Ufank vun hirer Karriär stinn. Beim Zenario+ sinn déi Jonk gefrot, déi scho méi Erfarung am Filmberäich hunn.