SNJ_Kinepolis_CremeFraiche_Laureats_2024_Print(300dpi)©MichaelDias-standart-20.jpg

FAQ

  • Ab wéini kann ee säi Projet eraschécken?

    Ab deem Moment wou d’Thema feststeet, kann een iwwer den Umeldeformulaire säi Projet eraschécken. 

  • kann een säin Wierk no der Deadline zeréck zéihen?

    Nee, et ass aus organisatoresch Grënn net méiglech säin Wierk no der Deadline zeréck ze zéien. 

  • Mussen d'Participanten um Event deelhuelen?

    Et soll mindestens ee Participant pro Clip oder Dréibuch präsent sinn um Event. Falls dat net méiglech ass, gi Participante gebieden eng Vertriedung ze organiséieren. 

  • Wéini fënnt Präisiwwerreechung statt?

    Präisiwwerreechung ass Deel vun dem Event a fënnt de 7 Mäerz um 14:30 statt. 

  • Kann ee beim Concours a méi wéi enger Kategorie matmaachen?

    Jo, et kann ee soulaang  een d'Krittären (z.B. Altersbegrenzung, Diplom am Filmberäich) erfëllt a méi Kategorië matmaachen. 

  • Wat ass den Ënnerscheed tëschen der Kategorie “Dréibuch 1.0” an “Zenario+”?

    D’Zilgruppen ënnerscheede sech bei deenen zwou Kategorien. Bei der Kategorie “Dréibuch 1.0” kënnen 12 bis 25 Järeger matmaachen, beim Zenario+ sinn et 16 bis 30 Järeger. Zousätzlech dierfe beim "Zenario+" Jonker matmaachen, déi ee Filmdiplom hu respektiv am Filmsecteur schaffen. Kategorie “Dréibuch 1.0” huet méi einfach Krittären a riicht sech virun allem u Jonker, déi nach ni een Dréibuch geschriwwen hu respektiv nach ganz am Ufank vun hirer Karriär stinn. Beim Zenario+ sinn déi Jonk gefrot, déi scho méi Erfarung am Filmberäich hunn. 

  • Kann ech bei dem Crème Fraîche matmaache wann ech schonn eng Kéier gewonnen hunn?

    Du kanns net méi an der Kategorie wou s de deen éischte Präis krut hues, matmaachen. Du kanns awer an enger anerer Kategorie matmaachen.

  • Kascht et eppes fir beim Concours matzemaachen?

    De Concours ass gratis.

  • Wat kann ee gewannen?

    Déi eenzel Präisser vun de Kategorie ginn am Hierscht annoncéiert. 

  • Zenario+: Ass de Gewënner/ Gewënnerin och automatesch de Realisateur/ Realisatrice vum Film?

    Nee, d’Organisateuren entscheeden, wien d'Gewënnerdréibuch realiséiert, d’Gewënner ginn awer an de Prozess mat abezunn.

  • Ginn d’Credits och zu deenen 90 Sekonne gezielt?

    D’Credits an den Titel zielen och zu deenen 90 Sekonnen am Clip.

Kontaktéier eis

CAPTCHA
This question is for testing whether or not you are a human visitor and to prevent automated spam submissions.