16. Editioun
Ee Videoconcours - dräi Kategorien
Video 90": Wat ass dat Geräisch?
Dréibuch 1.0: Ee Geräisch am Mëttelpunkt
👤 Wien kann matmaachen?
Du kanns matmaachen, wann s du:
- tëschent 12 an 25 Joer al bass,
- zu Lëtzebuerg wunns.
❌ Net matmaache kënnen:
- Persounen, déi schonn en Diplom am audiovisuelle Beräich hunn,
- déi schonn an dësem Beräich schaffen.
💡 Du däerfs dech vu Leit aus dem sozialen oder edukative Beräich ënnerstëtze loossen.
🏆 Wann s du schonn eemol den 1. Präis an dëser Kategorie gewonnen hues, kanns du net nach eng Kéier an dëser Kategorie matmaachen.
🎬 Deng Challenge
Schreif däin eegent Dréibuch!
Deng Geschicht kann iwwer alles goen, wat s du wëlls – mee et gëtt eng speziell Aufgab:
🔊 Dëst Geräisch muss am Mëttelpunkt vun denger Geschicht stoen. Sound Crème Fraîche 16 Editioun
Looss dech vun dësem Geräisch inspiréieren:
Looss deng Kreativitéit spillen an entwéckel eng Geschicht ronderëm dëse Klang.
📋 Wat muss däi Dréibuch erfëllen?
✅ Maximal 4 Säiten
✅ Maximal 1 Dréiuert
(Deng ganz Geschicht spillt op nëmmen enger Plaz.)
✅ Maximal 2 Personnagen
✅ E bestëmmt Geräisch steet am Zentrum vun der Geschicht
(D'Geräisch soll eng wichteg Roll spillen an net just am Hannergrond sinn.)
📄 Wat muss um Deckblatt stoen?
- 👤 Däin Numm
- 📧 Deng Kontaktinformatiounen
⚠️ Wichteg Reegelen
Däin Dréibuch muss däin eegent Wierk sinn a däerf net géint d'Auteursrechter verstoussen.
❌ Dréibicher, déi:
- Gewalt verherrlechen,
- Haass oder Intoleranz verbreeden,
- oder pornografesch Inhalter enthalen,
ginn aus dem Concours ausgeschloss.
⛔No der Asendeschluss-Deadline kënnen Dréibicher net méi zeréckgezunn oder geännert ginn.
🎬 Wéi ginn d'Gewënner gewielt?
Eng onofhängeg Jury entscheet.
D'Jury besteet aus:
- maximal 5 Jonken
Si bewäerten all ageschéckte Dréibicher a bestëmmen déi 3 Gewënner.
📅 Wichteg Datumer
⏰ Asendeschluss:
8. Februar 2027 um 23:59 Auer
🎬 Crème Fraîche Event & Präisiwwerreechung:
6. Mäerz 2027 um 14:30 Auer
📍 Am Kinepolis Kirchberg
Vill Spaass beim Schreiwen! ✍️🎬✨
Zenario +: Fir déi mat méi Erfarung
👤 Wien kann matmaachen?
Du kanns matmaachen, wanns du:
- tëschent 16 an 30 Joer al bass,
- zu Lëtzebuerg wunns.
🎬 Anescht wéi an deenen anere Kategorien däerfen hei och Jonker matmaachen, déi:
- en Diplom am audiovisuelle Beräich hunn,
- oder schonn an dësem Beräich schaffen.
🏆 Wann s du schonn eemol den 1. Präis an dëser Kategorie gewonnen hues, kanns du net nach eng Kéier an dëser Kategorie matmaachen.
📝 Deng Challenge
Schreiw däin eegent Zenario!
D'Thema ass komplett fräi. Egal ob Drama, Komedie, Krimi, Sci-Fi oder Action – du entscheeds, wéi eng Geschichts du erziele wëlls.
📋 Wat muss däi Zenario erfëllen?
✅ Maximal 9 Säiten
✅ Erlaabt Sproochen:
- Lëtzebuergesch
- Däitsch
- Franséisch
- Englesch
✅ Maximal 3 Schauspiller*innen
✅ Eng Logline op der éischter Säit:
Dat ass e kuerze Resumé vun denger Geschicht an engem eenzege Saz. Si soll direkt op der éischter Säit gutt ze gesi sinn.
📄 Wat muss um Deckblatt stoen?
- 👤 Däin Numm
- 📧 Deng Kontaktinformatiounen
⚠️ Wichteg Reegelen
Däi Zenario muss däin eegent Wierk sinn a däerf net géint d'Auteursrechter verstoussen.
❌ Zenarioen, déi:
- Gewalt verherrlechen,
- Haass oder Intoleranz verbreeden,
- oder pornografesch Inhalter enthalen,
ginn aus dem Concours ausgeschloss.
⛔No der Asendeschluss-Deadline kënnen Zenarioen net méi zeréckgezunn oder geännert ginn.
🎬 Wéi ginn d'Gewënner gewielt?
Eng onofhängeg Jury entscheet.
D'Jury besteet aus:
- 3 Jonken
- 3 Professionellen aus dem Filmsecteur
Si bewäerten all ageschéckte Zenarioen a bestëmmen déi 3 Gewënner.
🏆 Wat kanns du gewannen?
De beschte Zenario gëtt vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) an dem Service national de la jeunesse (SNJ) ënner professionelle Konditioune verfilmt.
🎥 Dat bedeit:
- Däi Skript gëtt zu engem richtege Film.
- D'Organisateuren decidéieren, wien de Film realiséiert.
- D'Zenario kann, wann néideg, fir d'Produktioun ugepasst ginn.
📣 D'Gewënner ginn um Crème Fraîche Event annoncéiert.
📜 Wat geschitt mam Gewënner-Zenario?
Wann däi Zenario déi éischt Plaz gewënnt, ginn d'Rechter fir d'professionell Verfilmung un d'Organisateuren iwwerdroen.
Dat erlaabt hinnen:
- de Film ze produzéieren,
- d'Geschicht unzepassen,
- ze verëffentlechen,
- ze weisen an ze verdeelen.
✍️ Deng moralesch Rechter bleiwen awer erhalen. Dat heescht:
- Du bleifs als Auteur*in genannt.
- Deng Aarbecht däerf net op eng respektlos oder ofwäertend Aart verännert ginn.
Dës Reegel gëllt nëmme fir eng professionell Verfilmung an/oder eng kulturell oder edukativ Diffusioun vum Film.
📅 Wichteg Datumer
⏰ Asendeschluss:
8. Februar 2027 um 23:59 Auer
🎬 Crème Fraîche Event & Präisiwwerreechung:
6. Mäerz 2027 um 14:30 Auer
📍 Am Kinepolis Kirchberg
Vill Gléck beim Schreiwen! ✍️🎬✨