Editioun 2025
Ee Videoconcours - dräi Kategorien
90 Sekonne Karma
- Profil vun de Participanten
Matmaache kënne Jonker tëschent 12 a 25 Joer mat engem Wunnsëtz zu Lëtzebuerg. Dës Kategorie ass net op fir Jonker, déi een Diplom am audiovisuelle Beräich hunn oder an dësem schaffen.
Déi Jonk dierfe vu Professioneller aus dem sozialen oder edukative Beräich ënnerstëtzt ginn.
Jonker, déi schonn eng Kéier den 1. Präis an dëser Kategorie gewonnen hunn, dierfen net nach eng Kéier matmaachen an dëser Kategorie.
- Konditiounen
De Clip muss follgend Thema behandelen: Karma
Dauer vum Clip dierf net méi laang wéi 90 Sekonne sinn. Heirënner falen och d’Credits.
De Clip dierf net géint Auteursrechter verstoussen. D’Organisateuren halen sech d’Recht fir, Clips déi Gewalt , Haass an Intoleranz verherrlechen, dem Concours auszeschléissen.
- Selektioun
Ënner all den ageschéckte Clips ginn tëschent 20 a 25 Clips selektionéiert, déi wärend dem Crème Fraîche Event dem Publikum präsentéiert ginn.
- Präisser
D’Publikum bestëmmt wärend dem Event per Voting déi dräi Gewënnerclips.
- Wichteg Datumer
Asendeschluss ass den 10.02.2025 um 23:59
Crème Fraîche Event an d'Präisiwwerreechung sinn den 8.03.2025 um 14:30
Karma ass een Dréibuch
- Profil vun de Participanten
Matmaache kënne Jonker tëschent 12 a 25 Joer mat engem Wunnsëtz zu Lëtzebuerg. Dës Kategorie ass net op fir Jonker, déi een Diplom am audiovisuelle Beräich hunn oder an dësem schaffen.
Déi Jonk dierfe vu Professioneller aus dem sozialen oder edukative Beräich ënnerstëtzt ginn.
Jonker, déi schonn eng Kéier den 1. Präis an dëser Kategorie gewonnen hunn, dierfen net nach eng Kéier matmaachen an dëser Kategorie.
- Konditiounen
Dréibuch muss folgend Thema behandelen: Karma
Dréibuch muss follgend Krittären erfëllen:
- Maximal 4 Säiten
- Sproochen: L, DE, FR, E
- Maximal een Dréiuert
- Maximal zwee Schauspiller
Dréibuch dierf net géint Auteursrechter verstoussen. D’Organisateuren halen sech d’Recht fir, Dréibicher, déi Gewalt, Haass an Intoleranz verherrlechen, dem Concours auszeschléissen.
- Selektioun
Eng onofhängeg Jury vu 5-6 Jonke bestëmmt d’Gewënner an dëser Kategorie.
- Präisser
Dat beschten Dréibuch gëtt vun de Gewënner mat der Ënnerstëtzung vum SNJ verfilmt. Dréibuch ka jee no Bedarf ugepasst ginn. D‘Gewënner gi wärend dem Crème Fraîche Event annoncéiert.
- Wichteg Datumer
Asendeschluss ass den 10.02.2025 um 23:59
Crème Fraîche Event an d'Präisiwwerreechung sinn den 8.03.2025 um 14:30
Zenario+
- Profil vun de Participanten
Matmaache kënne Jonker tëschent 16 a 30 Joer mat engem Wunnsëtz zu Lëtzebuerg. Dës Kategorie ass op fir Jonker, déi een Diplom am audiovisuelle Beräich hunn oder an dësem schaffen.
Jonker, déi schonn eng Kéier den 1. Präis an dëser Kategorie gewonnen hunn, dierfen net nach eng Kéier matmaachen an dëser Kategorie.
- Konditiounen
An der Zenario+ Kategorie dierfen d'Participanten Thema fräi wielen. Awer d’Zenario muss follgend Krittären erfëllen:
- Maximal 9 Säiten
- Sproochen: L, DE, FR, E
- Maximal dräi Schauspiller
Zenario dierf net géint Auteursrechter verstoussen. D’Organisateuren halen sech d’Recht fir Zenarioen, déi Gewalt, Haass an Intoleranz verherrlechen, dem Concours auszeschléissen.
- Selektioun
Eng onofhängeg Jury vun dräi Jonken an dräi Professionellen aus dem Filmsecteur bestëmmt d’Gewënner an dëser Kategorie.
- Präisser
Dee beschten Zenario gëtt vum CNA an dem SNJ ënner professionelle Konditioune verfilmt. D’Organisateure behalen sech d’Recht fir, de Realisateur/ Realisatrice ze bestëmmen. Zenario ka jee no Bedarf ugepasst ginn. D‘Gewënner gi wärend dem Crème Fraîche Event annoncéiert.
- Wichteg Datumer
Asendeschluss ass den 10.02.2025 um 23:59
Crème Fraîche Event an d' Präisiwwerreechung sinn den 8.03.2025 um 14:30
Matmaachen
D'Crème de la Crème aus der Filmwelt! Bass du et?
Du bass tëschent 12 a 30 Joer al, hues een Don fir d'Filmen dat iwwert Reels an TikTok rausgeet? Dann ass dëse Videoconcours fir dech! Géi weider bei den nächste Schrëtt fir dech unzemellen!
Umeldung →